Bivels-Vianden

© Pancake Photographie

Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!

Sidd dir prett fir eraus an d’Natur ze goen a Lëtzebuerg z‘entdecken? Mat enger Rëtsch u neie Wanderweeër, Qualitéitsauszeechnungen a Jubiläen déi dëst Joer queesch duerch d’Land gefeiert ginn, luet Lëtzebuerg, dat ass Vakanz! Iech dozou an, är Wanderschong oder Vëlosbox unzedoen an eng Hellewull u flotte Fräizäitaktivitéiten z’erliewen.

De Programm gëtt reegelméisseg aktualiséiert, nei a spannend Events an Aktivitéite kommen am Laf vun der Saison dobäi – dofir kommt ëmmer rëm op dëser Plaz laanscht kucken.

An natierlech kënnt dir Lëtzebuerg zu Fouss oder mam Vëlo och op eege Fauscht erliewen – all Dag an zu all Zäitpunkt am Joer!

Highlight events

De Startschoss fir Lëtzebuerg, dat ass Vakanz! fält de 14. a 15. Abrëll op der Plëss an der Stat mat engem grousse Publikumsevent mat Informatiounsstänn, Aktivitéiten an engem Patt. Iwwer Land huet all Regioun seng eege spannend Events iwwer d’Joer verdeelt. Iwwer des Events kënnt dir d’Villfalt u qualitativ héichwäerteg Offere kenneléieren, déi eist Land am Beräich Fräizäitaktivitéiten dobaussen ze bidden huet.

Guttland Trail Siwe Brécke Wee

© Jeniska Photography
Velosummer 2022 Esch-Sauer

© Pancake! Photographie
Vëlosummer

Entdeckt dëse Summer déi schéinsten Ecker vu Lëtzebuerg mam Vëlo!

 

Fannt méi eraus
www.visitluxembourg.com
Moselle Second Station 102

Wou? 1, Route du Vin, L-5549 Remich

Wéini? 02.07.2023

Guidéiert Tour um Confort-Wanderwee Réimech – Vakanz

Guidéierten, gemittlechen Trëppeltour (4km) um Confort-Wanderwee zu Réimech mat kulinareschen Iwwerraschungen.

Fannt méi eraus
www.visitluxembourg.com
Dream Loop Manternacher Fiels

Wou? 12, Syrdallstrooss, L-6850 Manternach

Wéini? 09.07.2023

Picknick am Wéngert - Vakanz

Wanderung op der Traumschleife Manternacher Fiels mat Picknick am Wéngert.

Fannt méi eraus
www.visitluxembourg.com
Müllerthal

Wou? Rue du Château, L-6310 Beaufort

Wéini? 06.10.2023

Mëllerdall UNESCO Global Geopark erliewen - Vakanz

Aweihung vum neien Geo-Pad "Haupeschbaach - Halerbaach" mat guidéierte Trëppeltier

Fannt méi eraus
www.visitluxembourg.com

Billergalerie

Erliewt Lëtzebuerg op eege Fauscht

Wanderen & Vëlo

Lëtzebuerg ass déi ideal Destinatioun fir Wanderer a Vëlosfuerer: D'Land huet ee vun den dichtsten Netzwierker vun zertifiéierte Wanderweeër an Europa. Vëlostouren invitéieren Iech d'Land aus neie Perspektiven ze erliewen.

Mushroom EcoLodges Péitche Lauer Useldange

© Renata Lusso

Gepäck Service - Move we carry


  • Onbeschwéiert wanderen
  • Ouni Gepäck Vëlofueren
  • Entspaant schlofen

Méi Events

5 Resultater
  • Ironman 70.3 Luxembourg Région Moselle Run

    Wou? Esplanade, L-5533 Remich

    Wéini? 18.06.2023

    IRONMAN 70.3 Luxembourg - Région Moselle

    Dräi Länner, eng Course

    Fannt méi eraus
    www.visitluxembourg.com
  • Guide for 1 Day

    Wou? L-1111 Luxembourg

    Wéini? 24.06.2023

    Guide for 1 Day

    Dir sidd vun enger Plaz oder engem Site besonnesch faszinéiert? Mécht et Iech eng Freed mam Vëlo, oder ze Fouss d’Haaptstad an déi verschidde Regiounen z’entdecken ?

    Fannt méi eraus
    www.visitluxembourg.com
  • Wou? L-9201 Diekirch

    Wéini? 15.07.2023

    FLMP Wandersummer 2023

    D'FLMP organiséiert zesummen mat Partner-Veräiner iwwer 70 Eventer tëschent dem 15.07. an 15.08.2023

    Fannt méi eraus
    www.visitluxembourg.com
  • Mullerthal Trail

    Wou? 1, RUE DES MOULINS, L-6245 MULLERTHAL

    Wéini? 09.09.2023

    Leopard UTML Ultratrail Mullerthal

    Leopard UTML Ultratrail Mullerthal

    Fannt méi eraus
    www.visitluxembourg.com
  • Stromberg

    Wou? 3, Pl. Morbach, L-57480 Sierck-les-Bains

    Wéini? 01.10.2023

    Wanderung ouni Grenzen

    3-Lännerwanderung, Sonnden, den 1. Oktober 2023.

    Fannt méi eraus
    www.visitluxembourg.com
VisitLuxembourg App

© LFT

VisitLuxembourg App


  • Är perséinlech Rees Erfarung
  • Gratis Entrée a Remise mat der LuxembourgCard
  • Déi bescht Tipps an Touren