Chrëstmaart zu Dikrich
Chrëstmaart zu Dikrich
De Syndicat d'Initiative an d'Gemeng Dikrich lueden häerzlech op de Chrëstmaart an der Dikricher Foussgängerzon an:
- Freides, den 18. Dezember vu 16 bis 22 Auer
- Samschdes, den 19. Dezember vun 11 bis 22 Auer
.
- Sonndes, den 20. Dezember vun 11 bis 19 Auer
.
Et erwaarden Iech ënner anerem flott Concerten, Animatioun fir Grouss a Kleng, eng villfälteg Auswiel un Iessen a Gedrénks vun eise lokale Veräiner, den Handwierkermaart AUGENSCHMAUS mat 35 Aussteller, eng Fotobox an nach villes méi!
De Programm kënnt deemnächst no!