GONG SOUNDS
GONG SOUNDS
### Klangrees mam Gong
.
Looss dech vun de mächtegen a gläichzäiteg berouegende Kläng vum Gong droen. Eng Klangrees invitéiert dech, ofzeschalten, nees méi no bei dech selwer ze kommen an dem Kierper an dem Geescht e Moment vun déifgräifender Rou ze schenken.
Déi déif Vibratioune vum Gong kënnen dobäi hëllefen, Spannungen lasszeloossen, zur Rou ze kommen an an e Raum vun Entspanung a bewosster Opmierksamkeet anzetauchen.
Du brauchs keng Virerfarung – komm einfach un, lee dech oder setz dech bequem hin, maach d'Aen zou a lauschter. Fir all Alter!
**E Moment just fir dech. Eng Invitatioun fir ze otmen, ze lauschteren an einfach ze sinn.**
**Mam Norman Folz**, Medical Qi Gong Trainer (MQT) a selbstännegen energeteschen Therapeut, mat Schwéierpunkt op ganzheetlecher Gesondheetsfërderung, Präventioun a Kierperbewosstsinn.
.
Participatioun per Don
Aschreiwung: miko.coordination@osgrevenmacher.lu
______