Exposition "Festival de la Gravure"
Les membres de la Palette
Expo „Festival de la Gravure»
Fir dës Editioun hu sech 55 Artisten ugemellt, déi aus 21 verschiddene Länner kommen.
Dës Ausstellung versprécht erëm ee wonnerbare Cru ze ginn.
Wéi all Joer bréngt „La Palette“ een a Lieder gebonnene Katalog eraus,
deen zum Verkaf an der Galerie ugebuede gëtt.
Fir de Gaufrage vum Deckel ass de Choix op d‘lëtzebuerger Artistin Danielle Grosbusch gefall.
Hiert Wierk dréit den Titel "Verschlungen - Ich".
De Vernissage ass freides, den 9. Oktober um 18h30.
.
Mir freeën eis op äre Besuch!
.