Culinaris
Kulinarescht Stroossefest zu Dikrich
Samschdes den 3. Oktober fënnt an der Dikricher Foussgängerzon déi éischt Editioun vum "Culinaris" statt. Vun 11 bis 18 Auer gëtt een hei dozou agelueden op verschidde Plaze säi Gaumen verwinnen ze goen:
- Schmaach-Parcours duerch 10 deelhuelent Dikricher Restauranten
- Kachshowen um Bottermaart vu 14 bis 18 Auer mam Joey Becker, Ben Weber, Jan Schneidewind, Alicija Coelho a Gilbert Welter op der Liewensmëttelpunkt-Bün .
- Kaf- a Schmaachstänn vun nationale Produzenten an der Foussgängerzon
- Animatioun an Ateliere fir Grouss a Kleng .
Weider Informatioune kommen deemnächst no.