Zeechenworkshop: „Muffin und Tört“
Fir Kanner ab 7 Joer
Kreativworkshop zur Buchreih „Muffin und Tört!“vum Adam Stower.
Taucht an déi witzeg a fantasievoll Welt vun der populärer Buchreih „Muffin und Tört!“ vum bekannten Auteur an Illustrator Adam Stower an!
Am kreative Workshop fir Kanner ab 7 Joer léieren déi Jonk Schrëtt fir Schrëtt, wéi si déi beléifte Figuren aus de Bicher nozeechne kënnen. Mat vill Fantasie an Uleedung gestalten d’Kanner hiren eegene Buchcover a gi selwer zum Illustrator.
.
Wat erwaart d’Kanner?
- Schrëtt-fir-Schrëtt-Zeechne vun de Figuren Muffin an Tört
- Inspiratioun aus de Bicher „Bei den Wikingern“, „Bei den Rittern“ an „Bei den Piraten“
- Kreativt Gestalte vun engem eegene Buchcover
- E perséinleche Cover fir mat heem ze huelen
Fir wien?
Fir Kanner ab 7 Joer, déi gär zeechnen, molen an e Fan vum Muffin an Tört sinn. Elteren a Begleetpersounen dierfe ganz gären um Workshop matmaachen an hir eege Fantasie spille loossen oder bei der Coversäit hëllefen.
Zillgrupp: Elteren mat hiere Kanner (Grondschoul)
Info & Umeldung: info@ewb.lu