Stories from Outside
par Magali Medinger
Am Kader vu Stories from Outside kënnt Dir d’Sammlung vun der Villa Vauban unhand vu Geschichten, Gedichter a Perspektive vun ënnerrepresentéierte Stëmmen nei entdecken. Queer, jonk oder gesellschaftsorientéiert Mënsche mat enger alternativer Vue op d’Welt kréien hei e Sproochrouer gebueden, wärend, anescht wéi bei enger klassescher Féierung, Konscht, zäitgenëssesch a klassesch Texter, Emotiounen a gelieften Erfarunge matenee verschmëlzen.
Esou gëtt all Visitt zu engem explorativen Echange, bei deem d’Konscht duerch onerwaart an divers Perspektiven an en neit Liicht geréckelt gëtt.
Mat MM Consulting adresséiert sech d’Magali Medinger un ëffentlech a privat Acteuren (ONGen, Schoulen, Organisatiounen, Entreprisen) an en diverse Public (Bierger*innen, Geschäftsleit, Schüler*innen). Mat hirer kreativer an innovativer Approche wëll si de sozialen an ekologesche Wandel virundreiwen , fir nei Perspektiven ze stäerken a gemeinsam eng méi inklusiv a resilient Zukunft opzebauen.
© Magali Medinger..