Wann? Donnerstag 03.12.202619:00 Uhr

Sisi tëscht Geschicht a Fiktioun

Wo? 37D, Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg Theater, Film & Shows

Sisi tëscht Geschicht a Fiktioun

Firwat faszinéiert d’Figur vum Sisi eis nach ëmmer? Unhand vum Film Corsage (2022) an anere Beispiller, weist dës Konferenz, wéi all Epoch sech hir eege Virstellung vun der Keeserin Elisabeth vun Éisträich mécht.

Déi feministesch Perspektiv vum Film an déi bewosst Anachronismen erlaben en neie Bléck op eng historesch Figur, där hir Identitéit zu engem groussen Deel vun der Fiktioun gepräägt gouf. Wat verroden eis déi verschidden Duerstellunge vum Sisi am Kino iwwer déi Zäit, déi si duerstellen, awer och iwwer déi Epoch, an där si entstane sinn?

.

D’Konferenz geet der Fro no, wéi eis Virstellung vun der Vergaangenheet entsteet, wéi Konscht a Film eist Verständnis vun der Geschicht beaflossen a wéi sech d’Geschichtsschreiwung vu Generatioun zu Generatioun verännert.

D’Viviane Thill huet bis Enn 2023 den Departement Film-TV vum Centre national de l’audiovisuel (CNA) zu Diddeleng geleet, wou si och als Produzentin täteg war. Si schreift Filmkriticke fir de Magazine forum, huet zu e puer Bicher zum Thema Kino bäigedroen a schafft als Scénaristin (Perl oder Pica., Pol Cruchten, 2006; Eng nei Zäit, Christophe Wagner, 2015).

D’Sonja Kmec ass Professesch fir Kulturgeschicht op der Uni Lëtzebuerg an huet zesumme mam Agnès Prüm zéng Joer laang de Seminär Film and Popular Culture geleet. Hir aktuell Fuerschung konzentréiert sech op Kulturdiplomatie souwéi op Musek an Gender zu Lëtzebuerg (mugi.lu).

©Fotoen: © Sophie Margue, Université du Luxembourg / © Philippe Reuter
Die nächsten Termine
Donnerstag 03.12.202619:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D, Avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg
Auf Karte anzeigen
©Luxembourg City Tourist Office

Summer in the city

Events, Aktivitäten und Musik im Freien in Stadt Luxemburg.
Mehr erfahren
©Iphigénie en Tauride (c) Stefan Brion

Iphigénie en Tauride

Iphigénie en Tauride
Mehr erfahren
©Création 26·27

Les Enfants du soleil

Les Enfants du soleil
Mehr erfahren
©Nos corps empoisonnés (c) Hélène Harder

Nos corps empoisonnés

Nos corps empoisonnés
Mehr erfahren
©Tim Liebaert

Beyond

Beyond
Mehr erfahren
©echo.lu

From Gaza with Love

From Gaza with Love
Mehr erfahren
©echo.lu

Malentendus

Independent Little Lies
Mehr erfahren
©Britanie Lenga

Black History Month Luxembourg

Black History Month Luxembourg
Mehr erfahren
©Simon Studio

Open Floor: House Dance

Open Floor: House Dance
Mehr erfahren


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.