Wann? Mittwoch 30.09.202612:00 - 14:00 Uhr

Meet the Winners! Erschafen, ausstellen, iwwermëttelen

Wo? 1, rue de la Tour Jacob, L-1831 Luxembourg Kunst, Kultur & Literatur

Talks mam Diane Heirend (Diane Heirend architecture & urbanisme) + Céline Zimmer (Fuerscherin), uschléissend mat engem klenge Mëttegiessen

D’Diane Heirend, Gewënnerin vum Special Award vum Luxembourg Architecture Award 2026 fir d’Restauratioun vun der Villa Kutter an d’Publikatioun déi hir Geschicht an de Prozess vun der Restauratioun dokumentéiert, an d’Céline Zimmer, Gewënnerin an der Kategorie „Représenter et documenter“, invitéieren Iech, zwee Usätz z’entdecken, déi sech mat de verschiddene Manéieren auserneesetzen, Architektur ze erzielen, ze dokumentéieren an ze vermëttelen.


Ausgezeechent mam Spezialpräis, wäert d‘Diane Heirend iwwert hir Aarbecht „Réparer la Villa Kutter“ diskutéieren. Dëst ikonescht Haus, dat 1929 vum Hubert Schumacher fir de Moler Joseph Kutter gebaut ginn ass, gëtt als éischt modernistescht Gebai zu Lëtzebuerg ugesinn. D'Verëffentlechung vum Buch weist d’Démarchen vun der Restauratioun, der Fuerschung, der Dokumentatioun a vum ëffentlechen Engagement vun dësem Projet.


D‘Céline Zimmer wäert fir hiren Deel „Our New Housing – An Invitation to Cooperate“ presentéieren, eng Aarbecht, déi fir hiren Impakt an hire Bäitrag zur Debatt iwwer zäitgenëssesch Wunnmodeller ausgezeechent gouf. Baséiert op hirer Doktoratsaarbecht ënnersicht Si wéi architektonesch Fuerschung aktuell gesellschaftlech Theme beliichte kann a fënnt nei Weeër hiert Wëssen duerch Ausstellunge, mat der Allgemengheet ze deelen.


Dëst Mëttes-Treffen ass eng Geleeënheet, mat deenen zwou Präisgewënnerinnen iwwert hir jeeweileg Approchen an déi verschidde Weeër ze diskutéieren, wéi Architektur erfuerscht, dokumentéiert a mam Public gedeelt ka ginn.


Programm

  • 12h00 : Accueil
  • 12h30 : Presentatiounen
  • .
  • 13h00 : Q&A
  • 13h15 : Mëttegiessen
  • Sprooch : Lëtzebuergesch

Optional e klengt Mëttegiessen fir 20€.

Gratis, Umeldung obligatoresch


Organiséiert am Kader vum Luxembourg Architecture Award 2026.

©echo.lu
Die nächsten Termine
Mittwoch 30.09.202612:00 - 14:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: LUCA – Luxembourg Center for Architecture
1, rue de la Tour Jacob
L-1831 Luxembourg
Auf Karte anzeigen
©Creative Commons

Konscht am Gronn

Konscht am Gronn
Mehr erfahren
©Pexels-kindelmedia

Tuffi - Junior Atelier (4-7)

Bobbas erste Reise zur Erde
Mehr erfahren
©© 2026 LUCA | Pancake! Photographie

Gemeinsam entdecken | Partizipativer Ausstellungsrundgang für Erwachsene

Ausstellung „Luxembourg Architecture Award. The Stories Behind the Projects“
Mehr erfahren
©echo.lu

Bébé Trek

Bébé Trek
Mehr erfahren
©echo.lu

Pipes have their ways

Pipes have their ways
Mehr erfahren
©Artskoco

JAHRZEHNT

3 Tage Ausstellungseröffnung:10-jähriges Jubiläum der Gründung von Artskoco
Mehr erfahren
©echo.lu

On Stéitsch

On Stéitsch
Mehr erfahren
©Solo exhibition

Solo exhibition

Solo exhibition
Mehr erfahren
©echo.lu

Liesung mam Pauline Discry

Liesung mam Pauline Discry
Mehr erfahren


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.