Wann? Sonntag 25.10.202610:30 - 11:30 Uhr

Krixkrax & Bill!

Wo? 5, av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC), L-2132 LUXEMBOURG Andere, Kunst, Kultur & Literatur

Lëschteg Liesung fir Familljen mam Autor Marc Weydert

De bekannten Auteur liest aus sengem Bestseller Krixkrax .(Buchpräis 2025) a sengem neie Buch BILL! vir. A Reimer geschriwwen a mat vill Humor virgedroen, hëlt hien d’ganz Famill mat op eng Rees an zwou witzeg a fantasieräich Geschichten.


Am éischte Buch, Krixkrax., geet et ëm eng märchenhaft Erzielung vun engem Kinnek, deen un enger ganz komescher Krankheet leit an nëmmen nach op d’Hëllef vun der Hex Krixkrax hoffe kann. Mee si wunnt an engem héijen Tuerm, ouni Dier an ouni Leeder, an et schéngt keen eng Iddi ze hunn, wéi een déi gutt Hex erreeche kann.


Am zweete Buch, BILL!, geet et ëm en Hond mat ganz villen Talenter … just eent schéngt him ze feelen. Mee mécht dat hien elo manner besonnesch? „Hie ka kachen, strécken, danzen … souguer miauen ewéi eng Kaz. Just eppes kann hien net: billen.“

Zwou Geschichten, déi ënnerhalen an dobäi de Bléck op dat riichten, wat am Liewen wierklech wichteg ass. Eng wonnerbar Geleeënheet, de Marc Weydert a seng Bicher perséinlech kennenzeléieren.


De Marc Weydert ass Diplompedagog a Schoulmeeschter vu Formatioun. Duerch säi Beruff interesséiert hien sech ganz staark fir Kanner- a Jugendliteratur a fir d’Liesfërderung bei Kanner. Besonnesch gär spillt hie mat der Sprooch a verdréint bekannte Märercher a Geschichten, fir eppes Neits draus ze maachen.

©echo.lu
Die nächsten Termine
Sonntag 25.10.202610:30 - 11:30 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: ErwuesseBildung
5, av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC)
L-2132 LUXEMBOURG
Auf Karte anzeigen
©Creative Commons

Konscht am Gronn

Konscht am Gronn
Mehr erfahren
©Vincent Lescaut L'Essentiel

Schueberfouer

Spaß und Nervenkitzel.
Mehr erfahren
©D.R.

Open Floor: Funk and Disco

Open Floor: Funk and Disco
Mehr erfahren
©Merian Pacini

Open Floor: Hip Hop Dance

Open Floor: Hip Hop Dance
Mehr erfahren
©Simon Studio

Open Floor: House Dance

Open Floor: House Dance
Mehr erfahren
©Simon Studio

Open Floor: House Dance

Open Floor: House Dance
Mehr erfahren
©Books Beats Logo

Books & Beats

Books & Beats
Mehr erfahren
©Victor Taupin

Open Floor: Hustle

Open Floor: Hustle
Mehr erfahren
©Mike Zenari

Game On – Pub Quiz

Game On – Pub Quiz
Mehr erfahren


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.