Wann? Dienstag 12.12.202320:00 Uhr

Kabaret Sténkdéier
Wo? 38, AVENUE CHARLOTTE, L-4530 DIFFERDANGE Theater, Film & Shows

Eisen Alldeegleche Weltënnergang

Lieu de l'événement: Aalt Stadhaus - Salle de spectacle


An eisen haarden Zäiten geet d’Welt gefillt op d’mannst eemol den Dag ënner. Mat der Apokalyps virun eis sti mer moies op a no engem mäerdereschen Amoklaf duerch de Labyrinth vu Panik a Paranoia leeë mer eis owes an d’Bett an ... kënnen net aschlofen. An der Nuecht geeschtere mer wéi Zombien duerch d’Weltgeschicht.

Wéi solls de dobäi gesond a monter bleiwen, wéi sollen esou deng gutt Laun an deng Zouversiicht net op der Streck bleiwen? Klima a Katastroph, Tornado an Tsunami, Krich a Krawall dreiwen dech an d’Äerm vu Psychologen, Astrologen an aner chronesch Pathologen oder eeben an d’Ofhängegkeet vun hippen Designerdrogen.

Mee elo gëtt et Hoffnung: Eis héichmotivéiert a haarttrainéiert Spezialiste vum Kabaret Sténkdéier bréngen an hirem aktuelle Programm nees Rou a Geloossenheet an Ären Alldag. Si huelen Iech zeréck op de Buedem vun den Tatsaachen a loossen Iech duerch eng rasant Klengkonschttherapie voller Witz an Humor all Äre Misär ee fir alle Mol vergiessen. An dëst alles op Käschte vun der Allgemengheet, dem groussherzoglechen Haff an all deenen aneren Dichtegen a Wichtegen oder deenen, déi sech dofir halen!


Besetzung:

Conny Braquet, Claude Faber, Luc Schumacher an Irène Zeimes

Texter: Roland Meyer

Inzenéierung: Joe Heintzen

Assistent: Noémie Leer

Musek: Camille Nanquette


En savoir plus
Preisinformation
ab1,50€
ab1,50€
Die nächsten Termine
Dienstag 12.12.202320:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Aalt Stadhaus
38, AVENUE CHARLOTTE
L-4530 DIFFERDANGE
Auf Karte anzeigen
Tel.:00352587711900
Anreise planen

Dans le noir, les hommes pleurent

Dans le noir, les hommes pleurent
Mehr erfahren
© Joanna Hudyka

Tous sur scène

16e édition
Mehr erfahren

Tous sur scène

15e édition
Mehr erfahren
© Joanne Hudyka

Tous sur scène

17e édition
Mehr erfahren

The Nether

de Jennifer Haley
Mehr erfahren

Un sac de billes

adapté du roman de Joseph Joffo
Mehr erfahren
©Joanna Hudyka

Tous sur scène

Spécial Noël
Mehr erfahren

La dignité des femmes vieillissantes

Photographies de Tanja El Kabid
Mehr erfahren
© Eric Engel

Minuit

Histoire librement inspirée du Vicomte pourfendu d'Italo Calvino
Mehr erfahren