Wann? Donnerstag 16.11.202320:00 Uhr

Kabaret Sténkdéier
Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Theater, Film & Shows

Eisen alldeegleche Weltënnergang

De Kabaret Sténkdéier mam neie Programm “Eisen alldeegleche Weltënnergang”.


An eisen haarden Zäiten geet d’Welt gefillt op d’mannst eemol den Dag ënner. Mat der Apokalypse virun eis sti mer moies op a no engem mäerdereschen Amoklaf duerch de Labyrinth vu Panik a Paranoia leeë mer eis owes an d’Bett a... kënnen net aschlofen. An der Nuecht geeschtere mer wéi Zombien duerch d’Weltgeschicht.


Wéi solls de dobäi gesond a monter bleiwen, wéi sollen esou deng gutt Laun an deng Zouversiicht net op der Stréck bleiwen? Klima a Katastroph, Tornado an Tsunami, Krich a Krawall dreiwen dech an d’Äerm vu Psychologen, Astrologen an aner chronesch Pathologen oder eeben an d’Ofhängegkeet vun hippen Designerdrogen.


Mee elo gëtt et Hoffnung: eis héichmotivéiert a haarttrainéiert Spezialiste vum Kabaret Sténkdéier bréngen an hirem aktuelle Programm nees Rou a Geloossenheet an Ären Alldag. Si huelen Iech zeréck op de Buedem vun den Tatsaachen a loossen Iech duerch eng rasant Klengkonschttherapie voller Witz an Humor all Äre Misär ee fir alle Mol vergiessen. An dëst alles op Käschte vun der Allgemengheet, dem groussherzoglechen Haff an all deenen aneren Dichtegen a Wichtegen oder deenen, déi sech dofir halen!


Mam | Conny Braquet, Claude Faber, Luc Schumacher & Irène Zeimes 

Texter | Roland Meyer 

Regie | Joe Heintzen 

Assistenz | Noémie Leer 

Musek | Camille Nanquette


Reservierung und Informationen: info@cube521.lu | +352 521 521

Preisinformation
ab11,00€
ab11,00€
Die nächsten Termine
Donnerstag 16.11.202320:00 Uhr
Freitag 17.11.202320:00 Uhr
Samstag 18.11.202320:00 Uhr
Sonntag 19.11.202318:00 Uhr
Mehr anzeigenWeniger anzeigen

Veranstaltungsort

Adresse: Cube 521
1, DRIICHT
L-9764 MARNACH
Auf Karte anzeigen
Tel.:00352 521 521
Anreise planen

Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH

Wann? 25.06.2023

Der kleine Vampir

Der kleine Vampir

Mehr erfahren

Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH

Wann? 10.12.2023

Josef und Maria

Josef und Maria

Mehr erfahren

Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH

Wann? 03.11.2023

"Marlene" mit Claudia Michelsen

"Marlene" mit Claudia Michelsen

Mehr erfahren

Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH

Wann? 26.11.2023

Rent a friend

Eine Komödie von Folke Braband

Mehr erfahren

Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH

Wann? 12.11.2023

Nils Holgerssons Reise durch Europa

Nils Holgerssons Reise durch Europa

Mehr erfahren

Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH

Wann? 14.12.2023

Un sac de billes

Un sac de billes

Mehr erfahren

Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH

Wann? 26.10.2023

Héngerhautgeschichten

Erzielkonscht a Musek fir Kanner

Mehr erfahren

Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH

Wann? 22.10.2023

Elastic & Francesca

El Spectacolo

Mehr erfahren

Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH

Wann? 01.12.2023

Animal Farm

George Orwell

Mehr erfahren