Hänsel a Gréidel
Hänsel a Gréidel
LU Nom groussen Erfolleg vu leschter Saison kënnt Hänsel a Gréidel, e Chrëschtdagsmärchen aus der Fieder vum Cosimo Suglia an ënnert der Regie vum Daliah Kentges, zeréck op déi verzaubert Bün vum Groussen Theater. Wie kennt se net, d’Geschicht vun de Geschwëster Hänsel a Gréidel, déi sech am Zauberbësch verieren, an an eng bedrolech Welt andauchen, wou d’Hex Baba an engem Knusperhäischen probéiert deenen zwee hiert Vertrauen ze gewannen. Mat enger Choreografie vum Piera Jovic, Musek vum Arthur Possing an engem spektakuläre Bünebild vum Anouk Schiltz, erzielt dëst Märchen vum Mutt, dem Zesummenhalt an der Geschwësterléift, a stellt zwou Kannerfiguren an de Mëttelpunkt, déi sech an all Situatioun géigesäiteg ënnerstëtzen, an dat net zulescht, wa si ganz op sech eleng gestallt sinn.
FR Après le succès de la saison dernière, Hänsel a Gréidel, le conte de Noël revisité par Cosimo Suglia et mis en scène par Daliah Kentges, revient au Grand Théâtre. Qui ne connaît pas l’histoire des frère et sœur Hänsel et Gretel, qui se perdent dans la forêt enchantée où la sorcière Baba, dans une maison en pain d’épice, tente de gagner leur confiance. Avec une chorégraphie de Piera Jovic, une musique d'Arthur Possing et une scénographie spectaculaire d'Anouk Schiltz, ce conte de fées parle de courage, de solidarité et d'amour fraternel.
ENFollowing the Grand Théâtre’s winter fairy-tale tradition, Daliah Kentges and Cosimo Suglia’s successful Luxembourgish take on the Grimm brothers’ Hänsel a Gréidel returns. The 2025 Kanner- a Jugendtheaterpräis recipients replace Grimm’s fixed archetypes with nuanced characters: a struggling single father, an ambiguous witch inspired by Baba Yaga. Within a spectacular enchanted forest set, animated by dance and music, the two siblings learn that staying together matters most.