Frohe Botschaft in Tönen
Weihnachtsoratorium J.S. Bach - Kantaten I, II und VI
Frohe Botschaft in Tönen
Weihnachtsoratorium J.S. Bach (Kantaten I, II und VI).
Den 12. an 13. Dezember 2026 invitéiert d’Chorale Municipale Grevenmacher op e ganz besonnesche musikalesche Projet an d’Kierch zu Grevenmacher: D’Kantaten I, II a VI aus dem Weihnachtsoratorium BWV 248 vum Johann Sebastian Bach.
Nieft der Chorale Municipale Grevenmacher an dem Kammerorchester Estro Armonico stinn dofir och d’Chorale Muselfénkelcher an d'Schülerinnen a Schüler vun der Regional Maacher Musekschoul mat op der Bühn.
Och bei de Solistinnen a Soliste setzt de Projet bewosst op jonk professionell Sängerinnen a Sänger, déi trotz hirem jonken Alter schonn eng beandrockend Bühn- a Concerterfarung matbréngen: Anna Major – Sopran, Teresa Mertz Echauri – Alt, Konstantin Glomb – Evangelist an Tenor, Philipp Schneider – Bass
Ënnert der musikalescher Leedung vum Salome Harms-Sanchez féieren d’Kantaten I, II a VI vum jubelnden Ufank vun der Chrëschtgeschicht iwwer déi méi intim Hiertemusek bis zum festleche Schluss vum Weihnachtsoratorium.
.