De Spada am Stadhaus
True Crime
Veranstaltungsort:
Aalt Stadhaus
Salle de spectacle
E ganzen Owend mam Luc Spada a sengen Invitéen. Eng Mëschung aus Late-Night-Show, Variété an Talk. D’Theema fir dës drëtt Editioun ass „True Crime“ an Dir sidd all ageluede matzemaachen a matzeschwätzen, wa Geschicht geschriwwe gëtt. Mir wëssen nach net genau, wéi eng Geschicht, awer et gëtt ganz sécher gutt.
En Owend wéi eng grouss Tut voller Chaos. D’Aktualitéit gëtt kommentéiert an analyséiert; et gëtt gespillt, gelaacht a villäicht souguer gekrasch. Grouss Emotiounen, eng Non-Stop-Live-Performance op der Bün, eng Showband an e wierklech meeschtens okay gelaunte Moderator.
Invitéiert fir dës Editioun vun „De Spada am Stadhaus” sinn ënner anerem de Sänger Adriano Selva, de Gerichtsmedezinner Thorsten Schwark an de Luca de Michele, deen de ganzen Owend fir de Make-up vum Publikum zoustänneg ass.
Net ze vergiessen sinn d’Burrito Bléiser, dem Luc Spada seng “perséinlech” Liveband.