Mardis Littéraires - Jemp Schuster
Spawecken
De Jemp Schuster liest aus sengem neie Roman "Spawecken", mat Musek vum Claire Parsons. Den neie Roman spillt an deem fiktiven Duerf Schëldref.
Am Mëttelpunkt steet e Bam, den Ampeljong, en alen Nëssert. Dee klenge Karel fält eng Kéier vum Bam a bleift an engem grousse Spaweck hänken, seet en. Mat siwwenzéng Joer geschitt en anert Ongléck, dat säi Liewen total verännert. 1988 schléit e Blëtz an den Nëssert an dobäi kënnt et zu enger onerwaarter Entdeckung.
.
Kann et sinn, datt dem Ampeljong seng Wuerzele bis an den Drëssegjärege Krich, enger vun den däischtersten Zäiten aus der Geschicht, zeréckreechen?
.
obligatoresch Reservéierung
bibliotheque-events@vdl.lu
www.citybiblio.lu