6 Weekenter – 6 touristesch Regioune – 24 Moolzechten
„Vakanz genéissen“ ass en neien, aussergewéinlechen Event, deen am Summer 2022 fir d’éischt organiséiert gëtt. An d’Liewe geruff gouf e vun der Generaldirektioun fir Tourismus.
D’Konzept: En Iessdësch mat honnert Sëtzplaze „reest“ op sechs ongewéinlech Plazen innerhalb vun der Haaptstad an de fënnef touristesche Regiounen.
D’Standuerter vum Dësch goufen opgrond vun hire spezifesche Charakteristiken ausgewielt. Dat kënne faszinéierend Landschaften, eng idyllesch Natur, kulturell Highlighten oder e wäertvollen historesche Patrimoine sinn.
„Vakanz genéissen“: Den Numm ass Programm. D’Visiteure kommen an de Genoss vu saisonalen a regionale Spezialitéiten, déi vu lokale Käch preparéiert gi – an dat an engem Kader, deen typesch ass fir dës Regioun.
Ob Resident oder Tourist, Frënn oder Famill: Jiddereen ass bei dësem gesellege Rendezvous häerzlech agelueden.
„Vakanz genéissen“ ass eng ganz speziell Entdeckungs- an Geschmaachsrees – eng lecker Zäit ass deemno garantéiert. Op den entspriechende Weekenter besteet d’Méiglechkeet, jeeweils samschdes oder sonndes, esouwuel mëttes wéi och owes, eng Sëtzplaz ze reservéieren.
Méi Detailer iwwer all Evenementer ginn deemnächst annoncéiert.