When? Tuesday 12.01.202716:00 - 18:00

Themennomëtteg „Geeschteg fit bleiwen"

Where? 38, Avenue Charlotte, L-4530 Differdange Training/Conferences

Demenz virbeugen

Eist Gehier begleet eis e Liewe laang. Et erméiglecht eis ze denken, ze léieren, Erënnerungen ze schafen an déi wäertvoll Momenter am Liewen ze genéissen.

Déi gutt Noriicht ass: Mir kënnen och selwer vill dozou bäidroen, eis geeschteg Gesondheet ze ënnerstëtzen an de Risiko vun enger Demenz ze reduzéieren. Mee wat hëlleft wierklech? A wat ass normal Vergiesslechkeet – a wat kéint e Warnzeeche sinn?

Als Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer (ala) engagéiere mir eis zënter bal 40 Joer fir Mënsche mat Demenz an hiert Ëmfeld. Nieft der Berodung an der Begleedung ass et eis wichteg, d’Ëffentlechkeet iwwert Demenz opzeklären an d’Gesondheet vum Gehier duerch Informatioun a Preventioun ze fërderen.

Wat erwaart Iech?
Wärend dësem gratis Themennomëtteg kritt Dir verständlech, wëssenschaftlech fundéiert a praktesch Informatiounen iwwer:

  • Wéi eist Gehier funktionéiert a wéi Demenzen et beaflosse kënnen,
  • Den Ënnerscheed tëscht normaler Vergiesslechkeet an éischte Warnzeechen,
  • Facteuren, déi d’Gesondheet vum Gehier positiv oder negativ beaflossen,
  • Konkret Moossnamen, mat deenen Dir Är geeschteg Fitness am Alldag aktiv ënnerstëtze kënnt.

 

Fir ween?
Den Themennomëtteg riicht sech un all Persounen, déi méi iwwer d’Gesondheet vum Gehier gewuer wëlle ginn an aktiv eppes fir hir geeschteg Fitness maache wëllen. Virkenntnesser si keng néideg.

Presentatioun op Lëtzebuergesch
Umeldung bis de 5. Januar 2027 op der Nummer 26 007-1 oder iwwer info@alzheimer.lu


 

Mehr Infos

 

 

 

©echo.lu
Next events
Tuesday 12.01.202716:00 - 18:00

Location

Address: Aalt Stadhaus
38, Avenue Charlotte
L-4530 Differdange
Show on map
©echo.lu

La retraite

Découvrir une nouvelle étape de la vie
Find out more
©echo.lu

Tutelle, curatelle

Représentation entre époux et personne de confiance
Find out more
©© Joanna Hudyka

Cours de danse

animé par Sergio Mel
Find out more
©© Léa Valet

Artistes en herbe

Cours de dessin pour enfants animé par Léa Valet
Find out more
©© Léa Valet

Artistes en herbe

Cours de dessin pour enfants animé par Léa Valet
Find out more
©© Léa Valet

Artistes en herbe

Cours de dessin pour enfants animé par Léa Valet
Find out more
©© Joanna Hudyka

Café des langues

Café des langues
Find out more
©© Joanna Hudyka

Café des langues

Café des langues
Find out more
©© Joanna Hudyka

Café des langues

Café des langues
Find out more


Content delivery by ECHO - Information subject to change and without commitment!

Do you want to announce your events in the agenda? Create, manage and share your own experiences at www.echo.lu/en/organiser.