Al Dikkrich
Volléksfest hanner der aler Kierch
D'Kiermes ronderëm di al Kierch St Laurent gouf 1968 an d'Liewe geruff an ass haut zu engem nationalen Event ginn. D‘Volléksfest mat Familjendag, Biergerdag, Scoutskiermes, Animatiounen, Danzmusik, Concert’en a Buden bei der aler Kierch zitt Jonker un an déi di jonk bliwwe sinn. Infoen a komplette Programm op www.aldikkrich.lu