Dem Mufti Morchel säi geheime Plang
Summerdream Festival 2026
Virverkaaf ab dem 15.07.2026 ab 10h00
15:00, 16:00 an 17:00
Dem Mufti Morchel säi geheime Plang
Theater fir déi ganz Famill (ab 4 Joer) (LU)
D'Prinzessin Opalina huet sech ausgerechent an de Pilztroll Mufti Morchel verléift. E Problem? Allerdéngs. Well d'Kinnigin huet hir Duechter scho laang engem anere Prënz versprach. Fir hir Léift ze retten, bleift den zwee nëmmen nach eng eenzeg Chance: e geheime Plang.Eng turbulent, spannend Komedie voller Witz, Musek, verréckte Personnagen an engem klenge Pilztroll, deen de Courage huet, fir säin allergréissten Dram ze kämpfen.
Text a Regie: Anja Di Bartolomeo
Mat: Anna Marie Schneider, Nicolas Lech a Jugendlechen aus dem TNL Jugendclub Musek: Sven Kiefer
.
Kostümer: Devï
Dauer: 40'
Treffpunkt: Info Point (5 Minutte virum Ufank vun der jeeweileger Theatervirstellung) Virverkaf vum 15. Juli 2026 un iwwer den nationalen Ticketservice „luxembourgticket“. Reschtticketen an der Oweskeess (ab 14:30).
.