Wann? Sonntag 02.04.202317:00 - 19:00 Uhr

Fréijoorsconcert vuan der Veiner Musik
Wo? RUE GAESSEL 1, L-9408 VIANDEN Musik Festivals

Fréijoorsconcert vuan der Veiner Musik

1848 gegrënnt, an domatt bal den eelste Musiksveréin ous Lëtzebuerg, hott di Veiner Musik en laang Traditiunn als musikalischen Anbassadeur vuan aener Uertschaft, wu Musik a Musikanten well ëmmer en gruss Roll gespillt honn.


Well geschwënn 175 Jor laang ass di Veiner Musik zousteenig fir de musikalischen Encadrement vuan alle wëltlichen a kierliche Fester.


Di instrumentaler Uropféierung vuan der Nationalhymn a Präsenz vuam Michel Lentz a vuam Antoine Zinnen 1865, de Ständchen fir de Victor Hugo 1871, de musikalischen Encadrement béi de Staatsvisiten vuan der eenglischer an der holleenischer Kinnigin, d’Daf vuan em Fliger op de Nom „Château de Vianden“ sen nëmme por vuan den historischen Optrëtter an der Geschicht vuam Veréin. Mee och Processiunnen, gruss a klän Concerten, Veréinsjubiläen, Concoursen a.v.m. gehieren well zanter ëmmer zum feste Joresprogramm.


Ganz engagiert Presidenten an Dirigenten honn et ëmmer rem fierdig broocht, datt di Veiner Musikanten – scheinbar zanter jeher matt Musik am Blout – hiert Talent matt grusser Begäästerung an Engagement fir de Veréin agesat honn.

Heit spillen di ~40 Musikanten ënnert der Leedung vuam Dirigent Marcel Richards, a fräeën sich, Eech hiere Fréijoorsconcert 2020 am wonnerschinne Kader vuam Schlooss kënnen ze präsentieren.


© echo.lu
Die nächsten Termine
Sonntag 02.04.202317:00 - 19:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Château de Vianden
RUE GAESSEL 1
L-9408 VIANDEN
Auf Karte anzeigen
Tel.:0035283 41 08 1
Anreise planen

Wo? 23, Grand Rue, L-9410 VIANDEN

Wann? 04.02.2023

Al wäiss Bouwen op dem Tour de Force ‘23

Al wäiss Bouwen op dem Tour de Force ‘23

Mehr erfahren

Wo? rue Charles Matthias, L-9425 VIANDEN

Wann? 07.05.2023

Fäaschtbänkler 2023 - 175 Joor Veiner Musik

Fäaschtbänkler 2023 - 175 Joor Veiner Musik

Mehr erfahren