KANNERYOGA
KANNERYOGA
Wie wëll sech emol als Kobra verwandelen, stoe wéi e Bam, d’Flilleke beweege wéi e Päiperlek, oder e Bockel maache wéi eng Kaz... an dësem Kanneryoga Workshop léiers du op spilleresch Manéier déi verschidden Asanas (Kierperstellungen) vum Yoga kennen a mir sangen a meditéieren och zesummen. Yoga ass e wonnerbaren Ausglach zum leeschtungsorientéierten Alldag an der Schoul an erméiglecht et Kierper, Geescht a Séil an Harmonie ze bréngen. Doduerch kënnen d’Kanner sech net nëmme besser konzentréieren, mee och Freed un der Beweegung entwéckelen an ee bewosst Kierpergefill opbauen.
Matbréngen: eng Yogamatt a gemiddlech Kleeder undoen.
Sprooch vum Cours: Lëtzebuergesch
Virkenntnesser: keng