BINDUNG DURCH BERÜHRUNG (SCHMETTERLINGSMASSAGE
EIN KURS FÜR ELTERN UND IHREN BABIES ZUR STÄRKUNG DER ELTERN-KIND-BINDUNG
Wat erwaart Iech am Bëbeesmassage- Cours: An enger klenger a vertrauter Ronn weisen ech Iech Massagetechnicken u menger Popp.
Dobäi gitt Dir ob eng douce Aart a Weis ugeleet, wéi Dir Äre Puppelchen am beschte kënnt masséieren. Bei dësen Treffe kritt Dir all Kéier en neien Aspekt vun der doucer Massage vermëttelt. Och léiert Dir Bewosstseinzoustänn vun Ärem Puppelche genau kennen an dee richtegen Zäitpunkt fir eng Massage ze maachen.
Bëbeesmassage gëtt nëmmen da gemaach wann de Puppelchen och dozou bereet ass.
Säin ganz eegene Rhythmus, ob Hibléck vu Schlof, Honger an aner Bedürfnisser gëtt dobäi duerchgoend respektéiert.