Blann am Verkéier
Blann am Verkéier
Zësummen mat der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung organiséieren mir een Owend zum Thema “Blann am Verkéier”.
Hues du dech schon engkéier gefroot wéi et ass blann am Verkéier ënnerwee ze sinn? Oder wéi een engem Blannen kann hëllefen secher iwwert d'Strooss ze goen?
.
All dat an nach méi kënnt dir um Parcours zesummen mat der Fondation Lëtzebuerger Blannenvereenegung leieren (nëmmen limitéiert Plaatzen: Umellung op bissen.lu/emw)
Den Trëfpunkt ass um 17h50 um Parking bei der Spillschoul, do kritt dir wichteg Erklärungen déi dir um Parcours an och spéider am Alldag kënnt unwenden. Ab 18h15 ginn dei eenzel Touren mat wou dir begleed bis an den Wonerbatti trëppelt.
Am Wonerbatti gesidd dir tëschent 18 an 19 Auer wéi een ee Wäissen Bengel benotzt an wéieng aner Hëllefsmëttel et fir blann Leit gëtt.
Dono gëtt et nach een Oofschlossfest mat engem Patt a Schnittercher am Wonerbatti
Mir wënschen vill Spaass
.