Schoulcoach.lu: Sou geet liesen & léieren
Eng Konferenz fir Elteren iwwert Froen zum Liesen a Léieren
Vill Eltere maachen sech Suergen, wann hir Kanner beim Liesen oder Schreiwen op Hürden treffen: D’Texter bleiwen onverständlech, d’Orthographie gëtt zu enger Erausfuerderung, an d’Selbstvertrauen an der Schoul leit. Genau hei setzt d’Konferenz fir Elteren un.
D’Grënnerin vu schoulcoach.lu, Pia Peters, erkläert d’Lies. a Schreifschwächten, weist wéi een se beim eegene Kand erkennt a weist och d’Weer fir hinnen ze hëllefen. Wat fir Méiglechkeete ginn et, a wéi kann ech mäi Kand am Beschten ënnerstëtzen?
Zum Schluss bleift nach Zäit fir perséinlech Froen.
.
Kanner sinn häerzlech wëllkomm, an et gëtt eng Sall niewendrun, wou si mat Liessspiller vertraut gemaach ginn, déi am Uschloss och kaaft kënne ginn.
Info & Anmeldung: info@ewb.lu
.