Poutty - Frutti
Yannchen Hoffmann & Carlo Hartmann
Bei Geleeënheet vum Poutty Stein sengem 70.Doudesdag, hunn déi zwee renomméiertst Lëtzebuerger Kënschtler Yannchen Hoffmann & Carlo Hartmann ee Super-Spektakel mat dem Auteur senge beschte Lidder a Gedichter erausbruecht..
.
Et sinn awer och en ettlech ongeschlaffen Diamanten derbäi déi nach net esou bekannt sinn, mee awer onbedéngt nees “ënner d’Vollek“ sollte bruecht ginn.
Wann zwee professionell Spezialiste vun dësem Fach sech där frech-frivoler Matière unhuelen, ass eng Bomme-Soirée – inklusiv Laachen a Kräischen - garantéiert.
De schéine Poli – D’Quiselchen – De Bumski – Huewermiel gëtt Huewerpangkuch – O Marjännchen – Reperies in Faschtibus – De schéine Fracewa – Am Déngscht zu Paräis – Fir eng Mark – Fir zwou Mark - ‘T ass fir ze laachen – Dem Wirsch seng Wueden – Beim schéine Maréchen zu Bereldéng –Neen déi Schnëss – Op der Schänzchen – Mäi Frënd den Arthur – D’Lidd vum EchteJäjersmann – D’Lorchen – De Guckuck – De Champio an der Box – an nach ganz vill anerer ….