Literatur, déi verbënnt
Bicherbox-Event
Kommt laanscht op eist flott Bicherbox-Event zu Mäerzeg an entdeckt d’Freed un der Literatur! De 25. Abrëll 2026 erwaart Iech en Nomëtteg voller gratis Liesungen, spannenden Aktivitéiten an kreative Momenter fir d’ganz Famill.
Erwuessener kënnen sech op inspiréierend Liesunge op Däitsch a Lëtzebuergesch freeën, wärend d’Kanner an enger spillerescher Atmosphär Geschichten entdecken, matmaachen a selwer kreativ ginn. D'Liesungen op Lëtzebuergesch fir d'Kanner sinn ab 3 Joer.
Niewent engem Quiz-Rallye, Bichertausch an engem flotten Atelier fir Kanner gëtt et och leckere Kuch fir ze iessen an ze drénken. Kommt laanscht a loosst Iech vun der Welt vun de Bicher verzauberen, mir freeën eis op Iech! ✨
Sidd Dir Senior*in? Dann hutt dir d'Méiglechkeet am Kader vum Projet "Kultur Mosaik Lëtzebuerg" vun der ALDIC interviewt. ze ginn. Méi Info an Umeldung fir d'Interviews: taguhi@aldic.lu
Liesunge fir Erwuessener op Däitsch a Lëtzebuergesch
Moderatioun Diane Neises
Ab 15:00 Luc François
Ab 16:00 Jérôme Netgen
Ab 17:00 Marco Schank
.
Liesunge fir Kanner op Lëtzebuergesch
ab 3 Joer
mam Charlotte Reuter a Claudine Furlano
14:30-15:00 "De Bierg erwächt"
15:30-16:00 "D'Rommel Bommel an hir Frënn”
16:30-17:00 "De Bierg erwächt"
17:30-18:00 "D'Rommel Bommel an hir Frënn"