Institutional Partners on trail: Am Häerz vun der Stad : Verstoppten Naturgeschichten | Dans le cœur de la ville, récits de nature cachée
Erzielkonscht
D’Natur vibréiert iwwerall, och an deen ofgeleeënste Plazen. An der Stad hëlt d’Liewen déi verschiddenst Formen u fir sech ëmmer erëm z’erneieren. Et ass un eis deen Hoffnungsmessage an déi Schéinheet opzefänke fir weider ootmen ze kënnen an ze schütze wat eis lieweg hält. Mam: Luisa Bevilacqua D’Luisa Bevilacqua lieft als fräischaffend Erzielkënschtlerin tëscht Bréissel a Lëtzebuerg. Mythen, Legenden, Märercher, Liewensgeschichten, original Kreatiounen : säi Repertoire ass esou variéiert ewéi säi Publikum diversifiéiert. 2021 grënnt hatt zesumme mam Betsy Dentzer d’Associatioun ERZIELKONSCHT fir d’Villfältegkeet vun de Geschichten weider un d’Leit ze vermëttelen. Alter: 16+ Disponible Datumer : 02.09.2025 op franséisch 09.09.2025 op lëtzebuergesch Tickets: booking.mnhn.lu..