Wann? Samstag 04.07.202610:00 - 13:00 Uhr

Et leeft net méi

Wo? 14, rue Saint Esprit -, L-2090 Luxembourg Gesundheit, Schulungen/Konferenzen

Vun der Perimenopause an d'Menopause zur Postmenopause

UMELDUNG: info@cid-fg.lu


D’Menopause ass eng natierlech an onëmgänglech Etapp am Liewe vun de Fraen. Trotzdeem bleiwen déi heefegst Symptomer — wéi Hëtzewallungen, Nuetsschweessen, Middegkeet, Schlofstéierungen, Reizbarkeet, Konzentratiouns- a Gediechtnisproblemer souwéi Gelenkschmäerzen, asw. — nach ëmmer ze dacks en Tabu oder ginn net richteg verstanen.


Haut verbréngt eng Fra ongeféier en Drëttel bis zu der Hallschent vun hirem Liewen an der Perimenopause- a Postmenopause-Phase. Och wann d’Menopause keng Krankheet ass, kënnen hir Auswierkungen d’privat an d’berufflecht Liewen däitlech beaflossen. An deem Sënn ass si eng wichteg Fro vun der ëffentlecher Gesondheet an der Chancëgläichheet, déi am Kader vu Politik fir Diversitéit, Gläichstellung an Inklusioun (DEI) voll ugeholl a berücksichtegt muss ginn.


.

E bessert Verstoe vun de biologesche Mechanismen hannert de Symptomer, d’Opléise vu Virurteeler an d’Identifikatioun vun de wichtegste Sailen vun engem gesonde Liewensstil — wéi Ernierung, kierperlech Aktivitéit, Schlof oder Stressmanagement — erlaben et, dës Iwwergangsphas méi entspaant unzegoen. Gläichzäiteg hëlleft dat de Fraen, informéiert Entscheedungen ze treffen, fir hir Gesondheet haut an an Zukunft nohalteg ze schützen.


Dës Konferenz ass Deel vun enger Sensibiliséierungs- an Dialoginitiativ, mat dem Zil, méi inklusiv Aarbechtsëmfelder ze fërderen, an deenen d’Gesondheet vun de Fraen an all Liewensphase als e wichtege Faktor fir Wuelbefannen, Leeschtung a Chancëgläichheet unerkannt gëtt.


.

 ----------------------------------


Lëtz Menopause a.s.b.l. engagéiert sech fir d’Fërderung, d’Koordinatioun an d’Ënnerstëtzung vun Informatioun, Educatioun, Formatioun, Sensibiliséierung, wëssenschaftlecher Fuerschung an interdisziplinärer Zesummenaarbecht am Beräich vun der Gesondheet vun de Frae — mat engem besonnesche Fokus op d’Perimenopause, d’Menopause an d’Postmenopause.


Lëtz Menopause a.s.b.l. setzt sech fir eng multidisziplinär, integrativ an holistesch Approche an, fir Fraen kompetent a respektvoll duerch d’Menopause-Transitioun an doriwwer eraus ze begleeden. An enker Zesummenaarbecht mat engem breede Reseau vu Partner an Expert·innen bitt d’Associatioun evidenzbaséiert Informatiounen un an entwéckelt hir Programmer op dëser Grondlag. Dobäi bleift si ëmmer opmierksam fir déi individuell Besoinen, fir datt all Fra op hirem ganz perséinleche Wee passend ënnerstëtzt gëtt.


--------------------------


Mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Ville de Luxembourg, dem Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit an dem Kulturministère.

©CID | Fraen an Gender
Die nächsten Termine
Samstag 04.07.202610:00 - 13:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Lëtzebuerg City Museum
14, rue Saint Esprit -
L-2090 Luxembourg
Auf Karte anzeigen
©20260126 Eiko Ojala 4 We shall go forward together Cover Diplomaatia Magazine

Eiko Ojala: Layers

Eiko Ojala: Layers
Mehr erfahren
©echo.lu

Elevated Tension – De Lift am Film

Talking Pictures
Mehr erfahren
©Aimgraphy

Block Party: Hip Hop Dance Workshops

Block Party: Hip Hop Dance Workshops
Mehr erfahren
©echo.lu

Vortrag und Podiumsdiskussion mit Dr. Mary Faltz

Ein Abend über menschliche Verbundenheit
Mehr erfahren
©INRA

Europäische Tage der Archäologie

Entdecken Sie Ihre Vergangenheit!
Mehr erfahren
©Weixelbraun

ELIAS HIRSCHL UND DIE MACHT DER SPRACHE

Der Autor liest aus "Schleifen"
Mehr erfahren
©echo.lu

Die Welt in einer Keksdose | AUSGEBUCHT

Die Welt in einer Keksdose | AUSGEBUCHT
Mehr erfahren
©echo.lu

Vortrag und Podiumsdiskussion mit Dr. Mary Faltz

Ein Abend über menschliche Verbundenheit
Mehr erfahren
©CD Roms Visuel credit Paolo Neo

CD-ROM. Un clic, une histoire

CD-ROM. Un clic, une histoire
Mehr erfahren


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.