Endometrios
Austauschowend fir Betraffener
Zesumme kucke mir de Kuerzfilm „This is Endometriosis“ vum Georgie Wileman (ENG).
Am Uschloss tausche mir eis zu verschiddene Sujeten aus: Bewältegung vum Aarbechtsalldag, dem Ëmgang mat psycheschen Auswierkungen, Ënnerstëtzung am perséinlechen Ëmfeld an hëllefräich Techniken an Tricken.
Den Owend riicht sech u Persounen, déi mat Endoemetrios liewen.
Fir Snacks a Gedrénks ass gesuergt.
Wéini? Freides, de 5. Juni 2026 18:00-20:00
Wou? 14, rue Beck L-1222 Luxembourg
.
Sprooch: Film – Englesch. Austausch – no Bedarf op lëtzebuergesch, däitsch, franséisch oder englesch.
.
Umeldung: info@cid-fg.lu
Organisatioun: Gläichstellungsservicer vun Diddeleng an der Stad Lëtzebuerg mam CID | Fraen an Gender. Mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère fir Gendergläichstellung an Diversitéit.