D'Aishelleg
OPPEN DIEREN AM VEWA
Äishelleg
OPPEN DIEREN AM VEWA
Samschdeg, 16. Mee 2026 – vun 14h00 bis 18h00
Komm op d’Schmelz d’Äishelleg feieren – an dass et elo fir eng Zäit net méi fréiert.
Du kanns d’Communautéit kenneléieren, déi dem fréiere Vestiaire-Wagonnage neit Liewen agehaucht huet: de VEWA, en Espace de Création, dee Kënschtler, Handwierker a Bierger sech deelen – e kulturellen an associative Kär am zukünftege Quartier Neischmelz.
Komm mat der Famill oder mat Frënn laanscht op en Nomëtten am Zeeche vum Austausch, vun der Creativitéit an neien Entdeckungen.
Fräien Entrée
Programm
- Informatiounsstänn vun de Partner vum VEWA
- Kleng Restauratioun (séiss & salzeg) + Bar .
- Creativ Activitéite fir Grouss a Kleng
- Occasiouns-Vëlosmaart
- Performance & Live Music .
An Zesummenaarbecht mat :
Cercle Artistique de Dudelange · Croix-Rouge – Centre d’accueil de Dudelange · DKollektiv · Diddelenger Fuedem ·Fondation Thierry Van Werveke . Inter-Actions – Ensemble Quartiers Dudelange · Iwwerliewen · Kolibri · Taba · Urban Garden · Vëlo Diddeleng