Buchkonferenz: Erinnerungen aus schwerer Zeit
Ein Priester in den Fängen der NS-Justiz
Den 30. August 1943 gëtt den deemools 45-järege lëtzebuergeschen Herz-Jesu-Paschtouer Ferdinand Hertges, Pater Ökonom vun der Missiounsschoul Clairefontaine, vun der Gestapo festgeholl. Kuerz virdrun ass bei engem versichte Grenziwwergang e Fahnenflüchtege vu Lëtzebuerg erschoss ginn, deem d’Ordensgemeinschaft en Ënnerdaach ginn hat. Dat däitscht Krichsgeriicht zu Arel verurteelt de Pater Hertges, esou wéi och de Rektor vun der Schoul, de Pater Nicolas Kayser, zu engem Joer Prisong.
Seng Odyssee duerch d’Prisongen zu Arel, Bréissel, Beverloo, Oochen an Hagen huet hien an aacht Hefter ëmfaassenden „Erënnerungen“ festgehalen. Dës ware laang a Vergiessenheet geroden, loossen awer och nach en halleft Joerhonnert no sengem Doud eng leedvoll Zäit nees lieweg ginn.
.
Umeldung iwwer folgende Link: https://forms.gle/u6h3wq5omdy6Nagz6.