Wann? Sonntag 01.06.202508:00 - 22:00 Uhr

Weekend vun den oppene Kierchen 2025

Wo? 5, av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC), L-2132 LUXEMBOURG Theater, Film & Shows, Andere, Kunst, Kultur & Literatur, Märkte, Schulungen/Konferenzen

Déi Adeleg an eise Kierchen

65 Kierchen maachen duerch dat ganzt Land hier Diere fir ee Weekend op. Sëlleg Concerten a Visite guidéeën gi gratis ugebueden.


Koordinéiert vun der EwB, an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Kierch an der finanzieller Ënnerstëtzung vum Kulturministère an der Stad Lëtzebuerg.


Méi Informatiounen zur Initiativ…


----


Programm:


Déi Adeleg an eise Kierchen


Si haten de Privileg an der Kierch begruewen ze ginn a waren op ville Plazen och fir Bau an Ënnerhalt vun engem Deel vun der Kierch zoustänneg. Et gesäit een nach haut eng Parti wonnerschéi Griewer, Gedenkplacken a Wopen aus der Zäit bis virun d’Franséisch Revolutioun an de Kierchen iwwer Land. Plazeweis hunn hir generéis Stëftungen och fir d’Verschéinerung vu Kierche gesuergt.


----


Erëffnung vum Weekend


Freides, den 30. Mee um 18:00 an der Mëchelskierch an der Stad


Uergelconcert mam Michel Krier Organisten am Déngscht vu Monarchen mat Erläuterunge vum Martine Reuter, Kiercheguide, iwwert d’Relatioun vum Grofenhaus an aneren Adelegen mat der Kierch um Fëschmaart.


---


Sech den Himmel verdéngen: Adeleg Grënnungen a Stëftungen um Ursprong vun eiser Kierchelandschaft


Sonndes, den 1. Juni um 17.00 an der EwB


Konferenz mam Historiker Michel Margue (Universitéit Lëtzebuerg)


.

Unhand vun e puer ausgewielte Beispiller gëtt an dësem illustréierte Virtrag den adelege Famillen hir Roll als Kierchegrënner a -stëfter gewisen, vum fréie Mëttelalter bis an den Ufank vun der Renaissance.


---


Den Entrée ass gratis..


De ganze Programm & weider Informatiounen fannt Dir hei.


© echo.lu

Veranstaltungsort

Adresse: ErwuesseBildung
5, av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC)
L-2132 LUXEMBOURG
Auf Karte anzeigen


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.