Solar Car Challenge
Solar Car Challenge
Bass du tëscht 14 an 20 Joer an hues Loscht op Technik, Teamwork an eng spannend Course? Da mell dech mat denger Ekipp un.
.
Nom Umelle kriss de e gratis Bausaz mat de wichtegste Stécker fir e klenge Solarauto. De Chassis muss dir an der Ekipp (min. 2 Persounen) selwer bauen. Dir hutt e puer Wochen Zäit fir d’Gefier ze bauen, ze testen an ze verbesseren. Um Renndag geet et dann an de Funpark. Hei trieden déi verschidden Autoen a 4 Disziplinne géinteneen un:
- Vitesse .
- Technik
- Kreativitéit
- Geschécklechkeet
Pro Disziplin ginn et 200 Euro ze gewannen. Mellt iech iwwer environnement@mertert.lu mam Numm vun der Ekipp, mam Numm an Alter vun de Memberen, a mat den E-Mail-Adresse bei eis un. D’Plazen si limitéiert.
Eng Initiativ vum Klimpakt-Team.