Wann? Freitag 16.01.202620:00 - 21:30 Uhr

Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet

Wo? 1, Driicht, L-9764 Marnach Theater, Film & Shows

Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet

E kabarettisteschen Owend vum Theaterkollektiv Independent Little Lies - ILL..


All Mënsch huet scho mol vum Grof Siegfried héieren, dee mam Däiwel e Pakt agaang ass, fir eng Buerg ze bauen, an där hie jonk Damme beim Buede belästege konnt. Oder vum Jang vu Béimen, deen d'Schueberfouer gegrënnt huet, a sech esou fir Minoritéiten agesat hat, datt och Blanner an d'Arméi duerfte goen. Oder vum Klëppelkrich, an deem jonk Lëtzebuerger dofir gekämpft hunn, hir Aachtchen net mussen op Franséisch ze bestellen...


.

Mee wat wësst Dir eigentlech wierklech iwwert d'Geschicht vu Lëtzebuerg? Wat huet sech tatsächlech am Joer 963 ofgespillt? Wéini huet d'Land den Habsburger gehéiert, de Fransousen, de Spuenier, den Éisträicher a wat war déi genee Reiefolleg? Wat gouf scho méi beim Wiener Kongress decidéiert? A wéini krut Lëtzebuerg eigentlech genee seng Onofhängegkeet?


Fir Iech vun där penibeler Aarbecht z'erléisen, dat alles op Wikipedia nozeliesen, invitéiert Iech den Theaterkollektiv Independent Little Lies am Kader vu sengem drëssegjäregen Anniversaire bei säi kabarettisteschen Owend fir aarm a räich, jonk an al, normal Stierflecher an esouguer déi, déi et deemools an der Schoul gepackt hunn, an der Geschicht waakreg ze bleiwen. Dat heescht, och wann Dir mengt, Dir kennt iech aus, kommt trotzdeem laanscht! A wie weess, vläicht léiert Dir jo effektiv eppes bäi, well hei gi se all opgedeckt, déi Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet.

Preisinformation
ab12,00€
Ticket buchen
ab12,00€
© Bohumil Kostohryz
Die nächsten Termine
Freitag 16.01.202620:00 - 21:30 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Cube 521
1, Driicht
L-9764 Marnach
Auf Karte anzeigen
© Konzertdirektion Landgraf

Kalter weißer Mann

Kalter weißer Mann
Mehr erfahren
© Nathan Roux

Coperta

Coperta
Mehr erfahren
© Jörg Metzner

Ich bin Vincent und ich habe keine Angst

Enne Koens
Mehr erfahren
© Juliette Moro

Tu connais Dior ?

Tu connais Dior ?
Mehr erfahren
© Philippe Escalier

Humains

de Narcisse
Mehr erfahren
© All rights reserved

Shelley

Radically Romantic
Mehr erfahren
© Bohumil Kostohryz

Go!

Go!
Mehr erfahren
© Patrick Galbats

Zwei Herren am Strand

Zwei Herren am Strand
Mehr erfahren
© All rights reserved

Enypnion

Enypnion
Mehr erfahren


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.