cAsA
Luisa Bevilacqua
cAsA?! Wat ass eng cAsA?
.
En Haus, mat zwou Fënsteren an engem spatzen Daach.
.
An dobanne wunnen eng, zwou, dräi oder souguer méi Geschichten!
Déi eng, déi séngt, déi aner, déi spréngt, an déi lescht geet spadséieren. D‘Dier geet op, a scho stellen d’Geschichte sech eng no där anerer vir. Moien!
En einfachen a lëschtegen Erzielspektakel mat Objeten, Kläng a Gesang a verschiddene Sprooche fir déi ganz Kleng, wou Geschichten eran an eraus spadséiert kommen.
Generique :
Luisa Bevilacqua, Konzept, Regie, Erzielung. Betsy Dentzer, Bléck vu baussen.