Quand ? Vendredi 16.01.202620:00 - 21:30

Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet

Où ? 1, Driicht, L-9764 Marnach Théâtre, films et spectacles

Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet

Une soirée de cabaret du collectif de théâtre Independent Little Lies - ILL. Spectacle en luxembourgeois.


.

All Mënsch huet scho mol vum Grof Siegfried héieren, dee mam Däiwel e Pakt agaang ass, fir eng Buerg ze bauen, an där hie jonk Damme beim Buede belästege konnt. Oder vum Jang vu Béimen, deen d'Schueberfouer gegrënnt huet, a sech esou fir Minoritéiten agesat hat, datt och Blanner an d'Arméi duerfte goen. Oder vum Klëppelkrich, an deem jonk Lëtzebuerger dofir gekämpft hunn, hir Aachtchen net mussen op Franséisch ze bestellen...


.

Mee wat wësst Dir eigentlech wierklech iwwert d'Geschicht vu Lëtzebuerg? Wat huet sech tatsächlech am Joer 963 ofgespillt? Wéini huet d'Land den Habsburger gehéiert, de Fransousen, de Spuenier, den Éisträicher a wat war déi genee Reiefolleg? Wat gouf scho méi beim Wiener Kongress decidéiert? A wéini krut Lëtzebuerg eigentlech genee seng Onofhängegkeet?


Fir Iech vun där penibeler Aarbecht z'erléisen, dat alles op Wikipedia nozeliesen, invitéiert Iech den Theaterkollektiv Independent Little Lies am Kader vu sengem drëssegjäregen Anniversaire bei säi kabarettisteschen Owend fir aarm a räich, jonk an al, normal Stierflecher an esouguer déi, déi et deemools an der Schoul gepackt hunn, an der Geschicht waakreg ze bleiwen. Dat heescht, och wann Dir mengt, Dir kennt iech aus, kommt trotzdeem laanscht! A wie weess, vläicht léiert Dir jo effektiv eppes bäi, well hei gi se all opgedeckt, déi Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet.

Informations sur les prix
A partir de 12,00€
Réserver un billet
A partir de 12,00€
Dates des prochains événements
Vendredi 16.01.202620:00 - 21:30

Lieu

Adresse: Cube 521
1, Driicht
L-9764 Marnach
Afficher sur la carte

Starbugs Comedy

Crash, Boom, Bang
en savoir plus

Humains

de Narcisse
en savoir plus

Shelley

Radically Romantic
en savoir plus

Der Räuber Hotzenplotz

Der Räuber Hotzenplotz
en savoir plus

Der Vorleser

Bernhard Schlink
en savoir plus

Der gestiefelte Kater

Ein Märchen nach den Brüdern Grimm.
en savoir plus

Éclats de vies

Éclats de vies
en savoir plus

Zwei Herren am Strand

Zwei Herren am Strand
en savoir plus


Contenu délivré par ECHO - Informations sous réserve de modification et sans engagement !

Vous souhaitez annoncer vos manifestations dans l'agenda ? Créez, gérez et publiez vos propres expériences sur www.echo.lu/fr/organiser.