Trëppeltour duerch d' Stad Lëtzebuerg
Trëppeltour duerch d' Stad Lëtzebuerg
D'Kommissioun fir sozial Froen an den 3. Alter vun der Stad Greiwemaacher an den HPPA inviteieren op en Trëppeltour mam Thema „Op de Spuere vum berüümte Kachdeppendetektiv Xavier Kieffer" no de bekannten Erfollegsromaner vum Tom Hillebrand
Säit sengem eischte Roman "Teufelsfrucht" begeesch-tert de Letzebuerger Kach Xavier Kieffer net nemme mat senge buedemstännege Rezepter, ma och mat sen-ge spannende Kriminalfäll. Greisstendeels spillen dei Fäll an der Stad Letzebuerg, an der Uewer-an l:nners-tad an op de perseinleche Liblingsplaze vum Auteur Tom Hillebrand. De City Tourist Office vun der Stad
Letzebuerg huet dorop hin e Rondgang ausgeschafft, dee sech op 7,8 km beleeft.
Mir ginn en ofgekierzten Tour vun ongefeier 5 km, wou mir dei wichtegst Statiounen aus de Romaner, wei d'Wunnhaus vum Xavier, säi Restaurant asw. gesinn.
Uschleissend doru gi mir (fir dei dei wellen) zesummen an der Stad iessen.
Desen Ausfluch maache mir mam effentlechen Trans-port (Bus, Tram, Lift). Den Depart ass de 7. Mee moies um 9:49 Auer op der Gare zu Maacher oder um 9:50 Auer um Arrêt „Tanneurs".
Geint 13:00 Auer ass d'Mettegiessen an der Stad.
Nom Mettegiessen ass et jidderengem fräigestallt, fir nach an der Stad ze bleiwen oder heem ze fueren.
.
UMELDUNG:
Fir dese flotten Dag derbäi ze sinn, mellt lech w. e. g. an der Rezeptioun vun der Maacher Gemeng un.
Telefonsnummer: 75 03 11-1 oder
.
E-Mail: reception@grevenmacher.lu bis denschdes den 28.Abrell 2026.
Sot bäi der Umeldung och w. e. g., ob Dir mat iesse gitt oder net, fir datt mir am Restaurant kenne Bescheed soen.