Joel Schäfer
© MECO

Joël Schaeffer

Duerch ween oder wéi si Dir un d’Kache komm?
Ech si duerch meng Mamm un d’Kache komm. Hunn hier gären nogekuckt a gehollef wann si fir d’Invitéë oder d’Famill gekacht huet. Natierlech hunn ech och gären ëmmer alles geschmaacht. Hunn mech schonn als Kand schon fier an d’Schoul als Kach verkleet.

Wat ass Ären Liiblings-Ingredient, den Dir am léifsten bei Plat‘en bäifügt?
Zu de Lieblingszutaten gehéiere fier mech Botter, Olivenuelech an Zwiwwelen. Ët gëtt fier mech baal kee Plat ouni Zwiwwelen an ët kann ee souvill domatter man. Iwwert eng gudd Entrecôte geet och näischt.

Kacht Dir an Ärem Restaurant eng Recette déi Dir vun Ärer Famill iwwerholl hutt?
Ab und zu preparéieren ech d’Kniddele vu menger Mamm a Kombinatioun mat Wëld. Och d’Moschterzooss fier bei d’Wäinzoossiss ass esou gemaach.

Wat ass speziell un Ärem Menu „Vakanz genéissen“?
Um Vakanz genéisse Menü ass speziell dat mir verschidde Platen aus eiser traditioneller Kichen erëm nei Interpretéieren. Ech benotze souwäit et méiglech ass d’Lëtzebuerger Produiten an natierlech a Kombinatioun mat de Wäiner vun eiser Musel. Verschidde Preparatioune sinn gemaach fir dat d’leit emol Saache schmaachen déi se vläicht net esou am Restaurant eraussiche géifen.

Aktuell Aarbechtsplaz?
Bistro Quai zu Grevenmacher.

Eng Plaz reservéieren