Gregòrio Mendes Serrâo
© MECO

Gregòrio Mendes Serrâo

Duerch ween oder wéi si Dir un d’Kache komm?
Mäin Intressi um Kache kënnt doduerch, dass ech ëmmer mat menger Bom zesumme gekacht hunn.

Wat ass Ären Liiblings-Ingredient, den Dir am léifsten bei Plat‘en bäifügt?
Ech schaffe gäre mat deene verschiddene Kraider déi bei eis an den Geméisgäert wuessen.

Kacht Dir an Ärem Restaurant eng Recette déi Dir vun Ärer Famill iwwerholl hutt?
Meng Famill hat net d’Gewunnecht fir Rezepter ze benotzen. Ech hunn awer hier Aart a Weis an hier Tricke fir de Joreszäiten no ze kachen iwwerholl.

Wat ass speziell un Ärem Menu „Vakanz genéissen“?
De Menü gëtt exklusiv mat Produiten aus dem Éislek (ausser dem Crémant, dee vun der Musel kënnt) preparéiert a bevirdeelegt Lëtzebuerger Rezepter. De Konzept vum 0km-Plat, e Projet vun der Robbesscheier an enker Zesummenaarbecht mam Naturpark Uewersauer, gëtt ervir gehuewen.

Wéi eng regional / saisonnal Produiten sinn an ärem Menu?
Gromperen, Kéiser, Wëllkar, Ueleger, Geméis, Fleesch,…etc. alles Zutaten déi entweder vun eise lokale Produzente kommen oder aus eiser eegener Produktioun stamen. D’Geméis an d’Friichte ginn den Dag virum Event erageholl.

Aktuell Aarbechtsplaz?
Restaurant Robbesscheier zu Munshausen.

Eng Plaz reservéieren