Fernand Braquet
© MECO

Fernand Braquet

Duerch ween oder wéi si Dir un d’Kache komm?
Als geléierte Metzler, huet meng Virléift fir gutt zoubereete Fleesch Platen mech zum Beruff vum Kach bruecht.

Wat ass Ären Liiblings-Ingredient, den Dir am léifsten bei Plat‘en bäifügt?
Ech ginn op d’Juegd an hunn e Faibel fir Wëld dat mir och dat ganzt Joer iwwer op der Robesscheier ubidden.

Kacht Dir an Ärem Restaurant eng Recette déi Dir vun Ärer Famill iwwerholl hutt?
D’Kniddele ginn nom Rezept vu menger Bom gemaach an hunn grousse Succès bei eiser Clientèle.

Wat ass speziell un Ärem Menu „Vakanz genéissen“?
De Menü gëtt exklusiv mat Produiten aus dem Éislek (ausser dem Crémant, dee vun der Musel kënnt) preparéiert a bevirdeelegt Lëtzebuerger Rezepter. De Konzept vum 0km-Plat, e Projet vun der Robbesscheier an enker Zesummenaarbecht mam Naturpark Uewersauer, gëtt ervir gehuewen.

Wéi eng regional / saisonnal Produiten sinn an ärem Menu?
Gromperen, Kéiser, Wëllkar, Ueleger, Geméis, Fleesch,…etc. alles Zutaten déi entweder vun eise lokale Produzente kommen oder aus eiser eegener Produktioun stamen. D’Geméis an d’Friichte ginn den Dag virum Event erageholl.

Aktuell Aarbechtsplaz?
Restaurant Robbesscheier zu Munshausen.

Eng Plaz reservéieren