Fanch Delanoë
© MECO

Fanch Delanoë

Duerch ween oder wéi si Dir un d’Kache komm?
Ech hunn d’Kache wärend engem Stage an engem Restaurant entdeckt wéi ech 14 Joer al war. Duerno ass mäin Chef vum Stage dann mäin Léiermeeschter ginn a huet mech geléiert d’Kache gären ze hunn an dass Kache virun allem eng Leidenschaft ass.

Wat ass Ären Liiblings-Ingredient, den Dir am léifsten bei Plat‘en bäifügt?
Ech sinn ursprénglech aus der Bretagne. D’Basis vu menger Kichen dréit sech also ëm hallef salzege Botter.

Kacht Dir an Ärem Restaurant eng Recette déi Dir vun Ärer Famill iwwerholl hudd?
Et gëtt kee made in Bretagne Plat bei eis am Restaurant mee all Kéiers wann sech mir d’Geleeënheet bitt, erlaben ech mir fir meng Regioun an de Virdergrond ze réckele, virun allem beim Take away a bei eise verschiddenen Traiteur Kaarten.  

Wat ass speziell un ärem Menu „Vakanz genéissen“?
Mir schaffen nëmme mat lëtzebuergesche Produiten a Rezepter fir de Leit d’Spezialitéite vun eisem schéine Land méi no ze bréngen.

Wéi eng regional / saisonnal Produiten sinn an ärem Menu?
Mir benotze „Jambon Grand-Ducale“, eis bekannten an no engem originale Rezept selwer gemaache Rieslingspaschtéitchen, souwuel wéi och Zaloten a Geméis vun eisem lokale Produzent.

Aktuell Aarbechtsplaz?
Kaempff-Kohler

Eng Plaz reservéieren