Wéini? Méindeg 08.12.202519:30

Tullio Forgiarini

Wou? 38, Avenue Charlotte, L-4530 Differdange Kunst, Kultur & Literatur

Vandalium

Veranstaltungsort:


Aalt Stadhaus

Salle de spectacle


Den Jason wiisst en engem schwieregen Ëmfeld op – de Papp ass Alkoholiker, d’Mamm an d’Schwëster sinn net do -, a kee kritt mat, wat mam Jong lass ass, oder dass hie reegelméisseg vun doheem fortleeft. Aleng gelooss a frustréiert, gëtt Gewalt säin eenzegen Auswee.

Dës Geschicht vun engem Liewen um Bord vun der Gesellschaft gëtt déif Ablécker an d’Ënnerbewosstsi vum Protagonist: Säin Alter Ego an déi blo Fee ginn hei zu senge Gespréichspartner, déi versichen, sengem Liewen ee Sënn ze ginn. Mee kënnen dës Ofwiermechanismen hie wierklech viru sengem toxeschen Ëmfeld beschützen?

Den Tullio Forgiarini ass Auteur, Dramaturg a Léierkraaft fir verhalensopfälleg Kanner. All dës Kompetenzen huet hien a sengem neie Buch nees vereent, a grad wéi scho bei sengem Wierk „Amok“ (2013 mam European Union Prize for Literature ausgezeechent) e beweegende Portrait vun engem Mënsch gezeechent, deen all Halt verluer huet a mam graffe Sproochgebrauch méi wéi eng Kéier schockéiert.

Den Tullio Forgiarini schreift op verschiddene Sproochen, ma virun allem op Franséisch. Bis elo huet hie bei den éditions guy binsfeld „Amok“ (2011), „Lizardqueen“ (2016) a „Vandalium“ (2025) verëffentlecht. „Amok“ gouf 2015 vum Donato Rotunnos ënnert dem Titel Baby(a)lone verfilmt a „Lizardqueen“ wäert elo vum Jacques Molitor verfilmt ginn.

Musikalesch Begleedung: Pol Belardi

Zousätzlech Informatiounen

  •  - Reservatioun: Reservéiert Är Plazen iwwer E-Mail op bibliotheque@differdange.lu oder iwwer Telefon op der Nummer 58 77 1-1920.
  •  - Organisatioun: Bibliothèque municipale Differdange


Mehr Infos
© © Heiko Riemann, éditions guy binsfeld
Nächst Evenementer
Méindeg 08.12.202519:30

Plaz

Adress: Aalt Stadhaus
38, Avenue Charlotte
L-4530 Differdange
op der Kaart weisen
© © Patrick Vandecasteele

La(rt) Sauvage

Patrick Vandecasteele et Nicolás di Gesu
Fannt méi eraus
© © Jacques Schmitz

La(rt) Sauvage

Jacques Schmitz et Carlo Schmitz
Fannt méi eraus
© © Matías Gárate

La(rt) Sauvage

Matías Gárate et Roberta Mestieri
Fannt méi eraus
© © Sebastien Wiertz

La(rt) Sauvage

Elsewhere Gallery
Fannt méi eraus
© © Joanna Hudyka

Les artistes résidents

Les artistes résidents
Fannt méi eraus
© © Heibat Ahmadi

Caricatures

News
Fannt méi eraus
© © Heiko Riemann, éditions guy binsfeld

Jean Schoos

„Attentat - Dem Fischbach säi 5. Fall“
Fannt méi eraus
© © Nicodemo Raschella

La(rt) Sauvage

Ernest Rayeck et Nicodemo Raschella
Fannt méi eraus
© © Joanna Hudyka

Marché aux livres

16e édition
Fannt méi eraus