Narration d'Histoires "E Monster ënnert mengem Bett"
Où ? 54 Route de Trèves, L-6793 Grevenmacher

Uniquement en Luxembourgeois Kommt a lauschtert dem Potty Lotty no wéi hat iech seng eege Geschicht "E Monster ënnert mengem Bett" virliest. Traut iech einfach! A wann dir Loscht hutt, kënn dir jo verkleed kommen.   Fënnt am Kulturhuef Kino-Saal statt.

Informations sur les prix
A partir de 5,00€
Réserver un billet
A partir de 5,00€
Réserver un billet
©

Ass dat net gemittlech, wann een sech no engem laangen Dag an d'Bett leet, a mam Petzi am Aarm nach enger Guttnuechtgeschicht nolauschtert. D'Luucht geet aus, d'Aen falen zou an dann..... Wat war dann dee Kaméidi ënner mengem Bett? Oh ne, dat wäert jo net e Monster sinn!!

Kommt a lauschtert dem Potty Lotty no wéi hat iech seng eege Geschicht "E Monster ënnert mengem Bett" virliest. Traut iech einfach! A wann dir Loscht hutt, kënn dir jo verkleed kommen!

Dauer: 30 Minuten

 

Iwwert d'Potty Lotty:

D’Potty Lotty (eigentlech Charlotte Hermione Josphina Bettina Annabella Katarina Clara Peppington genannt) ass an engem klenge Schlass am Norde vun England op d’Welt komm. An zwar: an der Spënnchen! Dat hunn de Lord an d’Lady Peppington awer guer net witzeg fonnt. Och net, dass hat di ganzen Zäit topeg Lidder gesongen huet, an seng Manéieren fuerchtbar waren. Mat 7 Joer, ass d’Potty Lotty dann op Lëtzebuerg an een Internat geschéckt ginn.

Mat 19 ass hat a Schottland d’Zeechesprooch vun de Päiperleke studéiere gaangen. Haut reest hat duerch d'Welt a verdéngt seng Suen an deem hat de Kanner Geschichten erzielt. Am beschte mat enger gudder Taass Téi (mat Mëllech!) an engem leckerem Stéck Kuch (hat ass jo net fir näischt an enger Spënnchen op Welt komm, gel du!).

Les services suivants sont également proposés :

Contact

Adresse: ORT Moselle (Regiondo)
L-6711 Grevenmacher

Plus d'offres

Ehnen, joyau pittoresque (sur demande)

  • guidage
Je souhaiterais en savoir plus
A partir de 5 €
Narration d'Histoires "Ein Monster unter meinem Bett"

A partir de 15 €
Narration d'Histoires et Atelier avec Potty Lotty

Matériel de bricolage

A partir de 15 €
Narration d'Histoires et Atelier avec Potty Lotty

Matériel de bricolage

Visite guidée Jean Dieudonné

Je souhaiterais en savoir plus