Quand ? Vendredi 16.02.202420:00 - 22:30

Eisen alldeegleche Weltënnergang
Où ? 2, Porte St. Willlibrord, L-6486 ECHTERNACH Théâtre, films et spectacles

Kabaret Sténkdéier


Kabaret Sténkdéier - Eisen alldeegleche Weltënnergang


Freideg 16. Februar 2024 - TRIFOLION ATRIUM 20:00 Auer

Dauer: 120 Minuten mat Paus


Freideg 16. Februar 2024 - TRIFOLION ATRIUM 20:00 Auer

Dauer: 120 Minuten mat Paus


An eisen haarden Zäiten geet d’Welt gefillt op d’mannst eemol den Dag ënner. Mat der Apokalypse virun eis sti mer moies op a no engem mäerdereschen Amoklaf duerch de Labyrinth vu Panik a Paranoia leeë mer eis owes an d’Bett a ... kënnen net aschlofen. An der Nuecht geeschtere mer wéi Zombien duerch d’Weltgeschicht.

 

Wéi solls de dobäi gesond a monter bleiwen, wéi sollen esou deng gutt Laun an deng Zouversiicht net op der Stréck bleiwen? Klima a Katastroph, Tornado an Tsunami, Krich a Krawall dreiwen dech an d’Äerm vu Psychologen, Astrologen an aner chronesch Pathologen oder eeben an d’Ofhängegkeet vun hippen Designerdrogen.

 

Mee elo gëtt et Hoffnung: eis héichmotivéiert a haarttrainéiert Spezialiste vum Kabaret Sténkdéier bréngen an hirem aktuelle Programm nees Rou a Geloossenheet an Ären Alldag. Si huelen Iech zeréck op de Buedem vun den Tatsaachen a loossen Iech duerch eng rasant Klengkonschttherapie voller Witz an Humor all Äre Misär ee fir alle Mol vergiessen. An dëst alles op Käschte vun der Allgemengheet, dem groussherzoglechen Haff an all deenen aneren Dichtegen a Wichtegen oder deenen, déi sech dofir halen!

 

Et spillen: Conny Braquet, Claude Faber, Luc Schumacher, Irène Zeimes

Texter: Roland Meyer

Musek: Camille Nanquette

Regie: Joe Heintzen a Noémie Leer

Informations sur les prix
A partir de 1,50€
Réserver un billet
A partir de 1,50€
Réserver un billet
Dates des prochains événements
Vendredi 16.02.202420:00 - 22:30

Lieu

Adresse: TRIFOLION Echternach
2, Porte St. Willlibrord
L-6486 ECHTERNACH
Afficher sur la carte
Tél. :00352267239500
Planifier l’itinéraire

RHYTHM OF THE DANCE

The National Dance Academy of Ireland
en savoir plus

Nikki Ninja & Afrobeathoven

Family Day
en savoir plus

Minuit

Une création des Rotondes avec Florence Kraus, Grégoire Terrier & Sophie Raynal
en savoir plus

Duo Ying & Ling

Spectacle d'acrobatique chinoise & animations en collaboration avec l'Institut Confucius à l'Université du Luxembourg
en savoir plus

Clementine

Rhiannon Morgan
en savoir plus