De Papagei Oscar am Bauschelter Gaart
Art au jardin
E wonnerbare Gaart vun 20 Ares, mat engem Weier a schéiner Terrasse.
D’Violonistin Maggy Dumont spillt bei eis am Gaart. Gläichzäiteg proposéiere mir eng Ausstellung mat Fotoen a Biller zum Thema Gaart (Villercher, Blummen, Musek). Speziell Hängebiller aus Stécker Toile ginn entworf an un d’Beem gehaang. Domaz kriit de Wand e Klang an d’Konscht gëtt lieweg.
D’Landschaft ronderem de Gaart ass wonnerschéin mat Bëscher, Kéi a Pärd.
Speziell fir dësen Event a fir d’Kanner kennt de berühmte Papagei Oscar op Besuch (youtube, kanal diversity is positive).
Parkplaaze si bei der Kiirch, an de Säitestroossen an virun der Diir. De Gaart ass accessibel fir jiddereen. Och bei schlechtem Wieder hu mir e flotten Ennendaach.