E roude Fuedem duerch de roude Buedem
Zowaasch
Lieu de l'événement:
Église Sainte-Barbe
Lasauvage (départ)
Vun Esch op Déifferdeng, duerch Beetebuerg, Suessem, Did- deleng a Monnerech, féiert de roude Fuedem eis zu am Mount Oktober op Lasauvage.
Duerch dat klengt verschlofent Duerf vu Lasauvage féiert dësen interaktiven Trëppeltour a léist Iech dës Uertschaft mat hirer Geschicht a wuel bekanntster Awunnerin nei entdecken: der Zowaasch! D’Seech vun der wëller Fra vu Lasauvage ass uechtert d’ganzt Land bekannt a faszinéiert zënter Joerhonnerten d’Awunner aus der Regioun. Mee wie war si iwwerhaapt? An engem performative Parcours gi mir zesumme mat Iech op eng Rees duerch Zäit a Raum a blécken zeréck bis op d’Urspréng vun dëser spannender a geheimnisvoller Geschicht, déi den Dall bis haut präägt.
Tickets: www.maskenada.lu
Regie: Daliah Kentges
Auteuren: Antoine Pohu, Maxime Weber, Cosimo Suglia
Bünebild & Kostüm: Sophie Meyer
Performance:
Elena Spautz, Gianfranco Celestino, Luc Lamesch, Mady Durrer, Mara Daro, Ole Schöne
Musek-Sound & Design: Luka Tonnar
Technik: Amplitude, Sven Streitz
Projetsleedeung: Mirka Costanzi
Artistesch Leedung: Tammy Reichling
Informations sur les prix
