Wann? Freitag 21.10.202219:30 - 22:00 Uhr

Vill Kaméidi fir näischt?
Wo? 38, rue de Crauthem -, L-3390 PEPPANGE Theater, Film & Shows, Kunst, Kultur & Literatur

Eng wëllromantesch kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer

Vill Kaméidi fir näischt?

 

Eng wëllromantesch kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer


Et si schaardeg Zäiten an d'Zukunft gëtt ëmmer méi grimmeleg am räichste Land vun der Welt. Mee et ass een ëmmer nëmmen esou räich wéi ee sech fillt.

Lëtzeburg, oh du eist butzegt-klengt Bommeleeër-Kachkéis-a-Superjhemp-Ländchen, an deem d'Rief laanscht d'Mousel verdiert, d'Sauer duerch d'Fielse just nach rënnt an d'Wunnengspräisser duerch de Plafong balleren.

Déi eng déi wëllen dech net opginn, déi aner loossen hieren Dreck um Stauséi trëllen a villen sinn d'Corona-Aschränkungen over the top gewiescht.

Apropos top, wéi steet et eigentlech mat eiser Sproch a wat geschitt, wann alles weider alt méi deier gëtt?

De Roland Meyer analiséiert mat vill Kaméidi a Gedäisch an net ouni eng uerdentlech Portioun Roserei den aktuellen Zoustand vun der Natioun a wonnert sech zerguddst, wéi héich de Quecksëlver an der Tëschenzäit scho geklotert ass. An ... hat dee groussen engleschen Dichter dann elo Recht oder net?


Roland Meyer

De Roland Meyer ass de 9.2.1963 zu Lëtzebuerg gebuer.

Hien ass vu Beruff Schoulmeeschter, hien ass bestued a Papp vun zwee Jongen.

Hien huet d’”Theaterschoul” vum Educatiounsministère gegrënnt an 10 Joer laang geleet a schafft elo als IEBS.

Hie schreift Bicher, Hörspiller, Zeitungsartikelen, Theater- a Kabaretstexter fir Kanner an och fir erwuesse Leit. Seng Bicher “Muedebëtzeg” (Lëtzebuerger Buchpräis 2012), “Roughmix” (Servais-Präis 2015) an “Tel Mo” (Lëtzebuerger Buchpräis 2017) goufen ausgezeechent.

Donieft ass hien aktiv als Musiker bei “The Winklepickers” an “The Horse Blinders”, als Kabarettist mat Soloprogrammer a beim “Kabaret Sténkdéier” an als Regisseur bei Kabarets- an Theaterproduktiounen.

 

© echo.lu
Die nächsten Termine
Freitag 21.10.202219:30 - 22:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Musée Rural et Artisanal
38, rue de Crauthem -
L-3390 PEPPANGE
Auf Karte anzeigen
Tel.:00352 51 69 99
Anreise planen
©Samuel Bollendorff

Wo? 3, avenue des Hauts-Fourneaux, L-4361 Esch-sur-Alzette

Wann? 22.10.2022

Vernissage

Frontaliers. Des vies en stéréo.

Mehr erfahren

Wo? 46, rue de l'Industrie, L-9250 DIEKIRCH

Wann? 23.10.2022

Miss Marple: Vier Frauen und ein Mord

Im Kino

Mehr erfahren
Pas de copyright

Wo? 77, RUE ZENON BERNARD, L-4030 ESCH-SUR-ALZETTE

Wann? 17.11.2022

Vernissage de l'exposition sur Jean-Paul II avec CONCERT du groupe polonais HOQUETUS

Ensemble même si différents

Mehr erfahren

Wo? 46, rue de l'Industrie, L-9250 DIEKIRCH

Wann? 06.11.2022

Miss Marple: Mörder Ahoi

Im Kino

Mehr erfahren

Wo? 46, rue de l'Industrie, L-9250 DIEKIRCH

Wann? 09.10.2022

Miss Marple: Der Wachsblumenstrauss

Im Kino

Mehr erfahren
© tinker imagineers

Wo? 3, avenue des Hauts-Fourneaux, L-4361 Esch-sur-Alzette

Wann? 17.12.2022

Vernissage

Pure Europe

Mehr erfahren

Wo? 122, rue de l'Alzette, L-4010 ESCH-SUR-ALZETTE

Wann? 18.11.2022

Natchav

CIE LES OMBRES PORTÉES (FR)

Mehr erfahren

Wo? 42, ROUTE D'ARLON, L-8210 MAMER

Wann? 18.11.2022

We wear our wheels with pride…

Robyn Orlin

Mehr erfahren
Das Stueck mit dem Schiff (c) Uwe Stratmann

Wo? 1, Rond-point Schuman, L-2525 LUXEMBOURG

Wann? 13.10.2022

Tanztheater Wuppertal Pina Bausch

Tanztheater Wuppertal Pina Bausch

Mehr erfahren