ZU MEHR LEBENSFREUDE MIT ACHTSAMKEIT
ZU MEHR LEBENSFREUDE MIT ACHTSAMKEIT
Hallo Du, Bass Du och heiansdo gestresst oder gefaangen am Gedankenkarussel? Wëlls Du dat gären änneren? Wëlls Du eppes Neies léieren? Da mell Dech! Ech si MBSR-Léierin (Minded based Stress Reduction), Fra a Mamm vu 4 Kanner, an op der Sich no virwëtzege Leit, déi eng déifgreifend Verännerung sichen. De MBSR Kurs ass 1979, un der Universitéitsklinick vu Massachusetts, vum Jon Kabat Zinn an d’Liewe geruff ginn an huet säitdeem scho sëllege Mënsche gehollef, besser mat Liewenskrisen ëmzegoen a mat méi Geloossenheet a Freed duerch d’Liewen ze goen. Mir verbréngen zesumme sechs Owender an engem frëndlechen, wäertschätzendem Kader. Mir wäerten zesummen e ganz douce Yoga praktizéieren, souwuel klassesch Meditatioune kenneléieren, wéi och Otemübungen an achtsam Kommunikatioun, zousätzlech ginn ech Dir Hannergrondwëssen iwwer d’Entstehung an d’Physiologie vum Stress mat op de Wee. Mir ass et en Uleies Mënschen, déi u mengem Cours deelhuelen, zu méi ënnerer Stabilitéit, Sécherheet a Geloossenheet ze verhëllefen. Qualitéiten di besonnesch an dësen onrouegen an oft turbulenten Zäite ganz wichteg sinn. Ech selwer hunn, ënnert anerem duerch de schwéieren Accident vu mengem Meedchen, geléiert wéi wichteg a wäertvoll dës Ressourcen op dësem Wee sinn. Hues Du nach Froen zum Cours, zu MBSR oder zu menger Persoun? Da mell dech, ech stinn Dir gären zu Verfügung! Looss eis zesummen no de Stäre gräifen. Alles ass schonn do, an Dir!