Wann? Mittwoch 27.03.202419:00 Uhr

Theater 'De Knéckjang'
Wo? 476, route de Thionville, L-5886 HESPERANGE Theater, Film & Shows

Theater 'De Knéckjang'

Eng pickeg an däischter Tragi-Komédie iwwert Léift, Geld, Näid an alles dat wat eis Lëtzebuerger nach sou ausmëcht.

Fräi noom Molière sengem L’Avare

Um Krounebierg, dem schickste Quartier vun der Staad Lëtzebuerg, em Krëschtdaag 2023 - eng satirescht & schwaarz Familjekomédie

Obsédéiert mat jonke Fraleit an d’Täsche voller Fric déi en als gréissten Immobilien-Baron vu Lëtzebuerg “ugesammelt” huet, wunnt de gäizegen 76-jähregen Jean-Claude de Rocheduc, JC genannt, als Witman a senger iwwerdimensionnéierter Demeure a verléint séng onendlech Sue just mat héigen Revolver-Zënsen un aarme Leit. Mat him wunnen säin 29 jähregen nawell verdreemte Jong de Christophe, vun de Kollege Shrek genannt, a säin 32 jähregt Meedchen d’Elisabeth, Lisi gennant, wat Yorkshire Terrier-Influencer as.
Obwuel e seng bäscht Joeren hannert sëch huet, wëll de Jean-Claude sëch mat dem jonken a knackegen Marianne bestueden, wat als Stagiärin d’Wieder bei RTL an der ganz kuerzer Jupp moderéiert. Ma säi Bouf de Christophe as allerdéngs schon heemlech mam Marianne zesummen, an hie sicht no ganz vill Sue fir dem Marianne sénger aarmer Mamm eng deier ma liewenswichteg Operatioun zu Houston an Amerika ze finanzéiren. D’Lisi, dem JC séng Duechter, huet eng heemlech Affaire mam jonken a flotte Victor vu Schëffléng. Ma de Papp wëll d’Meedchen mat engem frikéierten aalen Groussgrondbesëtzer aus dem Norde vum Land bestueden, dee mat Tankstelle räich gin as, dem Baron von Prüssen. Fir alles nach méi verwurrelt ze maan, huet de Victor d’Plaatz vum Gärtner beim JC ergattert, fir méi no beim Lisi kënnen ze sin….lueserlues entwéckelt sëch en typesch lëtzebuergeschen Familjendrama, wou sëch Passioun, Gier an fierchterlech Intrige däiwlech vermëschen.

De Knéckjang as eng fräi zäitgenössesch lëtzebuergesch Interprétatioun vum Molière séngem L’Avare a 5 Akten. Den Avare gouf fir d’éischt den 9. September 1668 am Theater vum Palais Royal zu Parais opgeféiert.
Real-Satire, Bëss a Spannung dominéiren dëst séiert Stéck, bekannt duerch dem Knéckjang séng geklaute Valiss…mat 200 originale Baugenehmegungen. D’Geschicht baséiert op den zäitlose Konflikt tëscht Léift a Suen.
D’Stéck dauert 80 Minuten, ouni Entracte.

Et spillen:

Carole BENTZ, Pi EVEN, Paul ERNSTER, Claudine BETTENDROFFER, Paul KONSBRUCK, Alexa BALLMANN, Charel ROEMEN, Georges KROMBACH, Tony EWEN, Muriel MORBÉ, Pit BREYER, Marc MEYERS, Stéphanie DAMGÉ, Sonja FRERES, Gérard THEIN

Régie: Anne SIMON
Text: Georges KROMBACH
© echo.lu
Die nächsten Termine
Mittwoch 27.03.202419:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Centre culturel CELO Hesperange
476, route de Thionville
L-5886 HESPERANGE
Auf Karte anzeigen